D'Tierm sinn doropshin zesummegefall.
Och an der Suitte vun den Attentater si vill Leit gestuerwen. Dat beispillsweis duerch gëfteg Gasen, déi si beim Wechraume vun den Iwwerreschter vum World Trade Center ageotemt hunn.
Zeremonie zu New York ouni den Donald Trump
Haut gëtt den Affer vun den Attentater geduecht. Zu New York ass eng Zeremonie a Presenz vu véier fréieren amerikanesche Presidenten: Dem Joe Biden, dem Barack Obama, dem George W. Bush an dem Bill Clinton. Dobäi ass och den aktuellen amerikanesche Vizepresident JD Vance.
Den aktuelle President Donald Trump ass bei enger anerer Zeremonie, nämlech am Pentagon, dem amerikanesche Verdeedegungsministère, dee viru 25 Joer och per Fliger attackéiert gouf.
Den Zohran Mamdani ass wéinst senger Relioun bei verschiddene Leit net erwënscht
Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani sengersäits ass bei der Zeremonie zu New York. Verschidde konservativ Stëmmen an och Famille vun den Affer hate gefuerdert, hien dierft net op d'Zeremonie kommen. Den Zohran Mamdani ass nämlech den éischte muslimesche Buergermeeschter vun New York.